De Mosaïc Saxophone Quartet ass 2021 zu Lëtzebuerg entstanen. Mosaïc : „e Wierk, bont zesummegewürfelt aus verschiddene Deeler“. Dëst ass e schéint Bild fir eise Quartett, deen aus lëtzebuergeschen, engleschen, belschen, a franséische-rumänesche Wuerzelen besteet. Dës Diversitéit stäerkt a beräichert eise perséinlechen, a ganz besonnesch, eise musikaleschen Austausch. Eis grouss Leidenschaft ass d’Kammermusek, an zemools de Saxophonsquartett, dee nach net ëmmer esou bekannt ass - dofir wëlle mir Iech mat vill Begeeschterung an dës kammermusikalesch Welt matrappen.